Am Numm vum ukrainesche Vollek huet d'Yuliia Paievska de Sakharov-Präis e Mëttwoch am EU-Parlament zu Stroossbuerg entgéint geholl.

Et war en impressionanten Tapéitewiessel fir d’Yuliaa Paievska dës Woch. Aus der Ukrain, wou Bomme falen, just e puer Stonnen am Dag d’Luucht ugeet, medezinesch Strukturen um Enn sinn, op Stroossbuerg an dann op Lëtzebuerg. Am Numm vum ukrainesche Vollek huet d'Yuliia Paievska de Sakharov-Präis e Mëttwoch am EU-Parlament zu Stroossbuerg entgéint geholl.

Yuliia Paievska / "Angels of Taira": “Ech si ganz houfreg op mäi Land, op meng Leit, op meng Arméi, op jiddereen, deen en Effort mécht.”

Am Mäerz dëst Joer ass d’Yuliaa Paievska zu Mariupol vun der russescher Arméi gefaange geholl ginn. Dat wat si erlieft huet, hätt si u Konzentratiounslager erënnert.

Yuliia Paievska: “Et sinn esou vill Fäll vu Krichsverbriechen duerch d’Russen, dass et méi einfach ass et Genozid ze nennen. (...) Ech si ganz frou, datt den Holodomor als Genocide un den Ukrainer unerkannt gouf. Den nächste Schrëtt op deen ech waarden ass datt d’russesch Agressioun haut als Genocide unerkannt gëtt, well dat wat do geschitt ass net normal. An d’Schafe vun engem Tribunal fir Krichsverbriechen.”

Och wann d’Ukrainer scho méi laang gesinn hätten, datt een dem Putin net traue kéint, well d’Yuliia Paievska dem Recht vun Europa keng Reproche maachen, ma Merci soen, datt d’Flüchtlingen hei opgeholl goufen.

Yuliia Paievska: “Merci, datt dir si esou waarm an häerzlech opgeholl hutt. Souguer wa si wëllen erëmkommen, wann ech gelift halt si hei, op d’mannst bis d’Fréijoer, fir datt mir de Krich hei kënnen op en Enn bréngen an d’Kanner a Fraen zréck an e friddlecht Land kommen.”E Freideg geet d’Yuliaa Paievska zeréck an d’Ukrain. Doriwwer wat si als nächst mécht, ka si net schwätzen. Hir Organisatioun, Angels of Taira, huet nom Siège vun Azovstal zu Mariupol missen opgeléist ginn, well hiert ganzt Material zerstéiert gouf. Ma d’Leit hätten iwwerlieft a géingen elo an der ukrainescher Arméi weider schaffen.