E grousse Sujet um EU-Sommet war de Korruptiounsskandal am Europaparlament, duerch deen d'Vertrauen an d'EU-Institutioun a Fro gestallt gëtt.

Zu Bréissel sinn déi europäesch Staats- a Regierungscheffen um Donneschdeg fir hire leschte Sommet dëst Joer zesummen. De Krich an der Ukrain, déi héich Energiepräisser an d'Relatioune mat den USA sollten do u sech dominéieren. Ma wéi esou oft koume weider Brennpunkter op d'Agenda dobäi.

E grousse Sujet war de Korruptiounsskandal am Europaparlament, duerch deen d'Vertrauen an d'EU-Institutioun a Fro gestallt gëtt. Vu Stonn zu Stonn kommen nei Elementer dobäi. Sou war et z.B. d'Informatioun, dass den Europäesche Procureur, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, och eng Enquête opmécht.

Haut versteet munch een, wat d’Vize-Presidentin vum Europaparlament, Eva Käili, Enn November gedriwwen huet, en engagéierte Plaidoyer zu Gonschte vum Qatar ze halen. Geld. Bestiechung. Hiere Liewenspartner soll éischt Faiten zouginn hunn. De Qatar, an elo och Marocco-Gate, huet d’EU-Parlament gerëselt. Virun de Staats- a Regierungscheffe gouf et um Donneschdeg schaarf Wierder vun der Presidentin vum Parlament, Roberta Metsola, géintiwwer de presuméierte Schëllegen. Si huet vun engem Schlag géingt d’Demokratie, géingt all dat, fir dat iwwer Jore geschafft gouf, geschwat, mat virop dem Vertrauen, wat zerstéiert gouf.

Roberta Metsola:"Mäi Message ass, et wäerte Konsequenze ginn. Et gëtt näischt ënnert den Teppech gekiert."

Bei senger Arrivée en Donneschdeg de Moien, op der Reunioun vun den europäesche Liberalen, huet och de Premier Xavier Bettel, kee Blat virun de Mond geholl. D'Kredibilitéit vun der Politik géif um Spill stoen. Et wier net einfach fir d'Roberta Metsola, well d'Parlament géif dacks un d'Valeuren erënneren, a wëll dës och protegéieren, ma elo musse si en grousse Coup astiechen. Et wier en haarde Coup fir jiddereen, an de Premier hätt Vertrauen an déi belsch Justiz.

Huet de Qatar ënner anerem EU-Decisiounen a Punkto Visaen a Fluchrechter beaflosst? D'Fro steet am Raum a soll iwwerpréift ginn. Bis Januar wéilt d'EU-Parlament och en 10-Punkte-Plang virleeën, fir Korruptioun weider ze bekämpfen.

A wa schonn d'Dagesuerdnung op d'Kopp geheien, dann uerdentlech. Oder mir blockéiere weider. Stéchwuert Veto. Nom UN-Sécherheetsrot, wuel déi nei Waff an der EU, fir sech duerchzesetzen.

Éisträich, wat de Bäitrëtt vu Bulgarien a Rumänien an de Schengeraum blockéiert, ass et gelongen dat innepolitesch ganz sensibelt Thema Migratioun op den Ordre du Jour ze kréien.

Karl Nehammer / Éisträichesche Bundeskanzler: "Es braucht einen verstärkten Aussengrenzschutz. Es braucht finanzielle Unterstützung, gerade für Bulgarien, Grenze zur Türkei, dass ein massiver Aussengrenzschutz gewährt ist. Wir müssen endlich das Tabu "Zäune" brechen. Es braucht in Bulgarien einen Zaun. Der muss mit finanziellen Mitteln der Europäischen Union unterstützt werden."

Iwwer Nuecht huet dann Polen iwwerraschend ugekënnegt, EU-Decisiounen ze blockéieren. Wuel inspiréiert vun den Ungarn, deenen et ugangs der Woch gelongen ass, en Deel vun den EU-Gelder fräi z'erpressen, déi agefruer goufen, well Budapest d'Rechtsstaatlechkeet net respektéiert. Wat Ungarn geléngt, kënne mir och probéieren, sou wuel d'polnesch Logik, déi am Nomëtteg awer séier fale gelooss gouf.
E Mëttwoch nach hat de liberale Guy Verhofstad rosen am Europaparlament gewarnt.

Guy Verhofstad: "Dat hei ass net d'Enn vun der Erpressung, et ass nëmmen den Ufank vun der Erpressung. Also et ass héich Zäit de Veto ofzeschafen."

D'Veto-Recht an der EU a fro stellen, "op kee Fall", sou d'Lëtzebuerger Positioun. Et wier net gutt am Affekt ze reagéieren.

Xavier Bettel:"Et soll een do wou et méiglech ass, d'Majorité qualifiéen hunn, mä et soll do wou et néideg ass, awer och nach kënne seng Interête verdeedegen, an déi sinn net onbedéngt an de 27 Länner d'selwecht."

Weider Sujeten um EU-Sommet

Well dat wochelaangt Gespills mam Veto vun Ungarn elo endlech en Enn huet, kann déi batter néideg 18 Milliarde schwéier Nouthëllef vun der EU fir d'Ukrain elo endlech ausbezuelt ginn.

Eng aner wichteg Decisioun op dësem Sommet ass fir d'Balkanstaaten. Bosnien-Herzegowina gehéiert nämlech elo och zum Club vun den 8 Länner, déi Bäitrëttsverhandlunge kënnen ufänken. Verhandlungen, déi awer dacks Joren daueren, wéi een um Beispill vun der Tierkei gesäit.

Keng Decisiounen op zwee Punkten
Kee Kompromëss gëtt et beim Gaspräisdeckel. Deen Dossier geet zeréck e Méindeg bei déi zoustänneg Energieministeren. Do soll dann eng Decisioun geholl ginn, virum Joreswiessel.

D'Wirtschaftsrelatioune mat Amerika bleiwen iwwerdeem weider gespaant. Amerika ënnerstëtzt seng Wirtschaft an der aktueller Kris däitlech mat Subventiounen. Der EU gefält dat net. Elo soll d'EU-Kommissioun den Dossier préiwen a kucke wéi kompetitiv d'EU eigentlech ass. Am Januar sollen do Konklusiounen op den Dësch kommen.