EU-Parlament
An Zukunft gëtt et méi deier, fir CO2 auszestoussen

© AFP
Vertrieder vum Europaparlament an den EU-Memberstaate si sech an der Nuecht op e Sonndeg eens ginn.
Konsumenten an Entreprisë wäerten an Zukunft méi dacks fir den Ausstouss vu Kuelendioxid musse bezuelen. Iwwert dee Wee wëll een dem Zil, fir bis 2050 klimaneutral ze sinn, e Stéck méi no kommen. Gläichzäiteg soll awer och e Klimasozialfong geschaaft ginn, fir d'Belaaschtunge fir d'Stéit opzefänken.
Am meeschte gelies