Ukrain schléit Friddenssommet Enn Februar vir

© AFP
Dat mellt déi brittesch Zeitung "Guardian" e Méindeg den Owend.
Deemno sot den ukraineschen Ausseminister Dmytro Kuleba géigeniwwer der Agence AP, datt seng Regierung ee Friddenssommet bis Enn Februar envisagéiert. Dem Kuleba no géing d'Ukrain alles maachen, fir de Krich 2023 ze gewannen, ma och Diplomatie géif ëmmer eng wichteg Roll spillen. "All Krich geet diplomatesch op en Enn. All Krich geet mat Resultater vun Aktiounen um Schluechtfeld an um Verhandlungsdësch op en Enn", esou den ukrainesche Politiker.
D'Vereenten Natioune kéinten déi beschte Plaz fir dëse Sommet sinn. Do géif et nämlech net drëms goen, engem bestëmmte Land e Gefalen ze maachen, mee et géif drëm goen, jiddereen u Bord ze huelen. Als méigleche Vermëttler huet de Kuleba dofir den UN-Generalsekretär Antonio Guterres genannt.
"Hien huet sech als effiziente Mediateur a virun allem als Mann mat Prinzippien an Integritéit erwisen", sot de Kuleba. "Mir géifen eis dofir iwwer seng aktiv Participatioun freeën."