Nei Erausfuerderunge fir Médecins sans frontières, Lëtzebuerg hëlleft mat Donen
10 Méint Krich hannerloossen hir Spueren an déi stellen d'Médecins sans frontières (MSF) an der Ukrain virun nei Erausfuerderungen.
Zwar hätt d'Land eng sanitär Infrastruktur, déi mat Westeuropa ze vergläiche wier, ma et géif am Moment u Psychologen a Psychiater feelen. Déi géife gebraucht, fir Krichstraumata vun deenen ze behandelen, déi an der Ukrain bliwwe sinn, erkläert den Thomas Kauffmann, deen zanter September Direkter vun MSF Lëtzebuerg ass.
800 Membere wieren op der Plaz, dorënner eng 130 Persounen aus dem Ausland. Allerdéngs keng Leit aus Lëtzebuerg, well hei keen am Virfeld Erfarung mam Asaz a Krichsgebidder gehat hätt. D'Bereetschaft, Donen ze maachen, wier nach ëmmer héich zu Lëtzebuerg. Bis November dëst Joer wiere ronn 800.000 Euro zesummekomm. MSF Lëtzebuerg géif déi Suen dann un d'Ekippen op der Plaz viruleeden.