Ukrain-Krich
Kiew gouf nees mat Rakéiten an Dronen aus der Loft attackéiert

Dat huet d’Militärverwaltung an der Nuecht op e Méindeg confirméiert.
D’Loft-Ofwier wier aktivéiert, mä d’Awunner sollten awer am beschte Schutz an de Kelleren oder de Bunkeren sichen, sou den Appell vum Buergermeeschter Klitschko.
An de leschten zwee Deeg war an der Ost-Ukrain virun allem d’Regioun ronderëm d’Stad Bachmut ganz staark ëmkämpft.
Et hätt vill Affer op béide Säite ginn. D’ukrainesch Arméi behaapt selwer iwwer 170 russesch Zaldoten ëmbruecht ze hunn. D’Informatioune kënne jo kaum onofhängeg gepréift ginn, mä d’Afferzuel wier op alle Fall ganz héich, heescht et vun de wéinege Krichsreporter, déi an der Ost-Ukrain sinn.
Am meeschte gelies