
© Photo by Starpix / APA-PictureDesk / APA-PictureDesk via AFP
58.000 Dateie mat kannerpornografeschem Material goufe séchergestallt. De Schauspiller riskéiert bis zu 2 Joer Prisong.
Wéi éisträichesch Medien mellen, muss sech de Florian Teichtmeister, deen zesumme mat der Lëtzebuergerin Vicky Krieps fir "Corsage" virun der Kamera stoung, sech deemnächst wéinst schwéiere Virwërf vu Kannerpornographie viru Geriicht veräntweren. Bei him wieren op 22 Datenträger 58.000 Dateie fonnt ginn, wou wuel kannerpornographescht Material drop wier. Dës Date wieren tëscht Februar 2008 an August 2021 aus dem Darknet erofgeluede ginn. Wéi den Affekot vum Teichtmeister matgedeelt huet, hätt de Kënschtler sech schëlleg bekannt a géif och déi voll Verantwortung fir seng Dot iwwerhuelen.
E Vertrieder vum Geriicht zu Wien huet de Medie confirméiert, datt de Schauspiller sech wéinst Besëtz vu Kannerpornographie muss viru Geriicht veräntweren. En éischte Rendez-vous wier wuel fir Februar.
Seng Partnerin hat verschidde vun de Fotoe entdeckt an doropshin d'Police alarméiert. Dem Teichtmeister wier sengem Affekot no e rengen "digitalen" Delikt virzewerfen, hien hätt selwer keng strofbar Handlunge géint Mënsche begaangen. Den Acteur muss domadder rechnen, datt hie bis zu zwee Joer Prisong ka kréien.
De Burgtheater, fir deen de Florian Teichtmeister rezent geschafft huet, huet matgedeelt, dat een de Schauspiller mat Effet immediat entlooss hätt.