Bei der däitscher Post geet de vun der Gewerkschaft Verdi organiséierte Streik virun.

E Samschdeg ware vum Streik eng 3 Millioune Bréiwer betraff. Dat si ronn 6 Prozent vun de Bréiwer, déi deeglech traitéiert ginn. Bei de Colise wiere ronn 1 Millioun Sendunge betraff - eng 15 Prozent vum deeglechen Opkommes.

Allerdéngs wäert net all Deel vum Land gläich staark dovu betraff sinn, well d'Bedeelegung um Streik net iwwerall gläich staark ass. Bréiwer a Päckelcher kënnen zum Deel "eréischt mat e puer Deeg Verspéidung" zougestallt hunn. D'Wiederverhältnesser droen och hiren Deel dozou bäi.

Der Däitscher Post no hunn e Samschdeg eng 9.400 Mataarbechter gestreikt - "e bësse méi wéi een Drëttel vun de Beschäftegten, déi haut hätte solle schaffen". Ugefaangen haten d'Streiks en Donneschdeg. D'Gewerkschaft fuerdert 15 Prozent méi Suen a besser Konditioune bei den Ausbildungen.