De fréieren Educatiounsminister gouf e Sonndeg offiziell vu senger Partei als neien neiséilännesche Regierungspresident gewielt.

Hie wäert bis zu de Parlamentswalen am Oktober neiséilännesche Premierminister sinn.

An senger Ried huet den Hipkins d'Aarbechtsplazen an d'Logementskrise ervirgehuewen. Déi Punkte wéilt hie besonnesch vehement ugoen. Seng Virgängerin Jacinda Ardern war en Donneschdeg iwwerraschend zeréckgetrueden