E Sonndeg viru 60 Joer gouf den Elysée-Vertrag ënnerzeechent. Dëse gëllt als Fundament vun der Däitsch-Franséischer Frëndschaft a Kooperatioun.

An deem Kader wäert e Sonndeg zu Paräis eng grouss Jubiläumsfeier stattfannen. Nieft der gesamter däitscher Bundesregierung ëm de Bundeskanzler Olaf Scholz, wäerten 140 Deputéiert vum däitsche Bundestag an der franséischer Haaptstad present sinn.

Den Oflaf vun de Feierlechkeeten

D'Feierlechkeete fänken um 11 Auer e Sonndeg de Moien un. Dat mat engem Festakt op der Sorbonne-Universitéit, un deem den Emmanuel Macron an den Olaf Scholz gemeinsam deelhuelen.
Um 13 Auer gëtt dann am Elysée de gemeinsame Ministerrot vu béide Länner nogeholl, deen am Oktober zejoert hat missen annuléiert ginn a um 17 Auer wäert et eng gemeinsam Pressekonferenz vum franséische Staatschef a vum däitsche Regierungschef ginn.
D'Festlechkeete gi mat engem offiziellen Iessen am Elysée-Palast op en Enn.

Wat ass den Elysée-Vertrag?

Den Elysée-Vertrag gouf den 22. Januar 1963 - also mol keng 20 Joer nom Enn vum zweete Weltkrich - vum deemolegen däitsche Bundeskanzler a vum deemolege franséische President Charles de Gaulle ënnerzeechent.
De Vertrag leet de Grondsteen fir d'Koperatioun an d'Frëndschaft tëscht Däitlschland a Frankräich a gëtt zemools an Däitschland och als "Joerhonnert-Vertrag" ugesinn. Dat well an dësem, no enger Joerhonnerte laanger Rivalitéit tëscht béide Länner festgehale gëtt, dass béid Säiten an Zukunft matenee kooperéiere wëllen.

Fir dat ze erreechen, gouf am Vertrag festgehalen, dass d'Regierungsmembere vu béide Säite sech reegelméisseg fir Consultatioune gesinn. Sou sollen d'Staats- a Regierungscheffe sech zum Beispill 2 mol pro Joer an d'Ausseministere sech all 3 Méint gesinn. Ausserdeem gi béid Länner am Vertrag verflicht, sech an alle wichtege Froe vun der Europa- Aussen- a Verdeedegungspolitik ofzeschwätzen.