Dem franséische President Macron no dierft een näischt ausschléissen. Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet d'Panzeren net konkret ernimmt.

Déi ganz däitsch Regierung ass zu Paräis fir de 60. Anniversaire vum Elysée-Vertrag.

Nieft de Festivitéite fir déi däitsch-franséisch Frëndschaft ze markéieren, haten d'Ministere vun de béide Länner och eng gemeinsam Cabinetssëtzung. Sécherheet, Defense an den Ukrain-Krich stoungen um Programm.

Och d'Fro, ob béid Länner der Ukrain Panzeren aus hirem eegenen Bestand liwweren, hat Prioritéit. Dem franséische President Macron no dierft een näischt ausschléissen. Allerdéngs dierften déi Liwwerungen net dozou bäidroen, dass de Konflikt eskaléiert. Déi eegen Defense dierft doduerch net verschlechtert ginn. Iwwerdeems missten d'Ukrainer richteg ausgebilt ginn, fir mat der Technik ëmzegoen.

Den däitsche Kanzler Olaf Scholz huet d'Panzeren net konkret ernimmt. Hien huet just ze bedenke ginn, dass de Krich nach laang dauere kéint. D'Ukrain kéint op d'Hëllef vun Däitschland a Frankräich zielen.

RTL