De Mann war e Sonndeg géint 20 Auer op der Place de la République mat engem Messer ënnerwee.

Éischten Informatiounen no hätt de Mann an enger éischter Phas en Hond mat engem Messer bedreet. Wéi dunn zwee Polizisten op de Mann duergaange sinn, hätt e säi Messer géint si geriicht, wouropshin déi op de Mann geschoss hunn. Eng Enquête ass um Lafen, en terroristeschen Hannergrond kéint een awer ausschléissen.