Den däitsche Parquet huet eng Plainte géint 4 Männer an eng Fra deposéiert. Dës gi verdächtegt, eng terroristesch Vereenegung gegrënnt ze hunn.

Si kréie reprochéiert, d'Entféierung vum däitsche Gesondheetsminister Karl Lauterbach geplangt gehat ze hunn. Déi 5 Persoune sëtzen zënter zejoert an Untersuchungshaft. De Geriichtsprozess géint si soll virum Oberlandesgericht zu Koblenz stattfannen.