Zu Half Moon Bay a Kalifornien huet e 67 Joer ale Mann op zwou verschidde Plazen ëm sech geschoss an dobäi op d’mannst 7 Leit ëmbruecht.

Weider Persoune wieren deels schro blesséiert ginn. Den Täter konnt festgeholl ginn, säi Motiv ass onkloer.

Eréischt de Weekend waren a Kalifornien 11 Mënschen erschoss ginn.