D'Cloud-Servicer vu Microsoft hunn den Ament ronderëm d'Welt en technesch Problemer. Och Lëtzebuerg ass betraff.

Dausenden Notzer hunn e Mëttwoch de Moien iwwer Outlook keen Accès op hir E-Mailen oder kënne sech iwwert de Messenger- a Video-Déngscht Teams net a Konferenzen eraschalten. Och Lëtzebuerg ass vum Problem betraff. Microsoft sicht den Ament no der Ursaach vum technesche Problem.

Microsoft huet en Dënschdeg iwwerdeems matgedeelt, datt hire Gewënn am leschte Quartal däitlech agebrach ass. Tëscht Oktober an Dezember 2022 louch hire Gewënn bei ëmgerechent ronn 15 Milliarden Euro - eng 12 Prozent manner, wéi am nämmlechten Zäitraum am Joer virdrun. Den Ëmsaz just liicht ëm 2 Prozent op elo 52,7 Milliarden Dollar geklommen. Eréischt viru Kuerzem gouf bekannt, datt de Software-Gigant an den nächste Méint weltwäit eng 10.000 Mataarbechter entloosse wëll.