A Schleswig-Holstein ass e Mëttwoch de Mëtteg eng Persoun an engem Zuch mat engem Messer op aner Passagéier lassgaangen.

Op d'mannst zwee Leit si gestuerwen an donieft goufen dräi Persoune schwéier a véier méi liicht verwonnt. Dat mellen déi däitsch Medie vun der Plaz, den Inneministère vum concernéierte Bundesland hat d'Doudesfäll scho confirméiert. Den Täter hätt kuerz no der Dot kéinte vun der Police festgeholl ginn, esou d'Medien weider.

De Mann hätt seng Attack kuerz virun der Gare zu Brokstedt lancéiert. Do war den Zuch dann och stoe bliwwen an d'Gare gouf fir d'Zäit vun den Ermëttlunge gespaart.

Aktuell ginn et keng Detailer iwwert d'Hannergrënn vun der Dot.