
© Domingos Oliveira
Eng chineesesch Space-Firma, déi sech 2019 mat engem Büro zu Lëtzebuerg etabléiert huet, steet op der US-Sanktiounslëscht wéinst der russescher Invasioun.
D'Firma soll der russescher Söldner-Grupp Wagner, déi an der Ukrain fir Russland aktiv ass, Satellittebiller zur Verfügung gestallt hunn.
LIST schafft vereenzelt mat Spacety Luxembourg
Den ëffentleche Fuerschungszenter LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) huet am August 2022 eng Collaboratioun mat der Entreprise Spacety Luxembourg ënnerschriwwen. Scho virun der Ënnerschrëft hätt een op héichopléisend SAR-Date fir Fuerschungsprojeten am Beräich Risikoreduktioun (wéi Iwwerschwemmungen) oder maritim Iwwerwaachung, zréckgegraff. Zanter August 2022 goufen d’Algorithmen un d’Donnéeë vun der Firma Spacety ugepasst. An engem Schreiwes präziséiert de LIST um Freideg den Owend, datt een ni Technologien, Algorithmen oder Date mat hinne gedeelt hätt. Wann et néideg wier, géif een d’Zesummenaarbecht mat Spacety astellen, et géif ee sech do un d’Recommandatioune vun der Ethikkommissioun vum Fuerschungszenter halen an et géif ee wann néideg d’Direktioun vun der Defense iwwer zukünfteg gemeinsam Aktivitéiten informéieren.
Wat ass bekannt?
Op Nofro krut RTL vum Wirtschaftsministère confirméiert, datt een am Virfeld vun dëser Decisioun Kontakt mat den amerikaneschen Autoritéiten hat. An enger offizieller Stellungnam vum Aussen-, Finanz- a Wirtschaftsministère heescht et, datt een dës Decisioun ganz eescht géif huelen.
Am Raum steet, datt d'chineesesch Entreprise ënnert anerem Satellittebiller der russescher Wagner-Grupp zur Verfügung gestallt huet. D'Lëtzebuerger Autoritéite waarden op zousätzlech Informatiounen aus Amerika, fir d'Implicatioun vu Spacety Luxembourg méi genee gewuer ze ginn.
En interministerielle Grupp géif den Ament och kucken, ob och Mesurë géint déi Firma zu Lëtzebuerg solle geholl ginn. Dofir gëtt nach op Informatioune vun den US-Autoritéite gewaart. Déi concernéiert Firma géif den Ament nach net op der Sanktiounslëscht vun der EU stoen.
Bis elo krute mer op Nofro keng Reaktioun vun der betraffener Entreprise.