De franséische President Macron huet Israeli a Palestinenser virun enger Spiral vu Gewalt gewarnt.

Vun dësem Méindeg un ass och den amerikaneschen Ausseminister Blinken an der Regioun. Hie wëll sech ëm eng Deseskalatioun beméien, esou heescht et vu Washington.

E Freiden an e Samschden hate Palestinenser Israelien ëmbruecht, respektiv blesséiert. Israel huet doropshin annoncéiert, och méi streng géint d'Famillje vun Attentäter virzegoen. Am deem Kontext goufen eng Partie Leit festgeholl an een Haus vun der Famill gouf versigelt a soll ofgerappt ginn.