
© AFP
Dat ass de leschte Bilan nom Bommen-Attentat e Méindeg am Pakistan. Viséiert war eng Moschee am Siège vun der Police zu Peshawar.
Déi meescht Affer sinn och Policebeamten. D'Gebai ass deels zesummegefall. Eng 150 Persoune goufe blesséiert, Dosenden dovunner liewensgeféierlech.
An der Moschee waren op d'mannst 350 Leit.
D'Rettungsaarbechte lafen nach op Héichtouren.
D'Autoritéite ginn dovunner aus, datt sech eng Persoun an d'Luucht gesprengt huet. D'Attentat gouf awer nach net revendiquéiert.
An der Lescht koum et an der Regioun awer ëmmer nees zu Attacke vum Islamesche Staat an vun den Taliban.
Am meeschte gelies