E Méindeg huet d'CDU-Präsidium an Däitschland de fréiere Verfassungsschutzpresident Hans-Georg Maaßen eestëmmeg zum Parteiausschloss opgefuerdert.

Sollt hien deem net nokommen, wëll d'Parteispëtzt selwer aktiv ginn an eng Ausschlossprozedur géint hie lancéieren. Den CDU-Präsidium huet dem Hans-Georg Maaßen eng Frist bis e Sonndeg ëm 12 Auer gesat.

Hannergrond vun der Fuerderung vun der CDU sinn ëmstridden Äusserunge vum Ex-Verfassungsschutzpresident. Hien hätt ëmmer nees "d'Sprooch aus dem Milieu vun Antisemitten a Verschwörungsideologen, bis hin zu vëlkeschen Ausdrocksweisen" genotzt, heescht et am Beschloss vum CDU-Präsidium. Domat géif hie géint d'Grondsätz an d'Uerdnung vun der Partei verstoussen. "Fir seng Äusserungen an dat domat zum Ausdrock bruechte Gedankegutt ass an eiser Partei keng Plaz."

Den Hans-Georg Maaßen war vun 2012 bis 2018 President vum däitsche Verfassungsschutz. Hie misst säi Poste raumen, nodeems hien rietsextrem Konflikter zu Chemnitz ugezweiwelt hat.