
© AFP/Archiv/STR
Well d'Gebuertstauxe weider zeréckginn, däerfe Koppelen an der chineesescher Provënz Sichuan vum 15. Februar un nees méi wéi 3 Kanner kréien.
Dëst huet d'Gesondheetskommissioun vun der bevëlkerungsräichster Provënz am Südweste vu China e Méindeg matgedeelt. Fir säin Neigebuerent unzemellen, gëtt ausserdeem vun dem Datum un och kee Certificat de marriage méi gefrot.
Wéi am Januar bekannt ginn ass, ass déi chineesesch Bevëlkerungszuel lescht Joer fir déi éischte Kéier zanter 6 Joerzéngte méi kleng ginn. Deemno hat China Enn Dezember knapp méi wéi 1,4 Milliarden Awunner an domat 850.000 Awunner manner wéi dat Joer virdrun.
Schonn am Joer 2016 hat China senger strenger "Ee-Kand-Politik" en Enn gesat. Dës gouf an den 80er Joren agefouert, fir eng méiglech Iwwerbevëlkerung ze stoppen. Obwuel Koppelen zanter 2021 dräi Kanner däerfe kréien, hunn d'Gebuertstauxen net déi erhofften Hausse erlieft.