D'Weltgesondheetsorganisatioun hält d'Alerte wéinst der Covid-19-Pandemie weider um héchsten Niveau.

D'Pandemie, déi an de leschten 3 Joer Milliounen un Doudesaffer gefuerdert huet, wier ëmmer nach eng Urgence fir déi ëffentlech Gesondheet weltwäit, esou d'WHO. Aktuell géif et nach ëmmer méi wéi 750 Millioune Leit mat Covid-19 ginn. Bal 7 Millioune Leit wiere weltwäit a Relatioun mam Virus gestuerwen.