E Méindeg den Owend huet dee leschte Fliger mat der Bezeechnung 747 d'Wierk vu Boeing zu Everett bei Seattle verlooss.

Den Jet gouf symbolesch un eng us-amerikanesch Charter-Gesellschafft iwwerreecht. Boeing hat scho virun eppes méi ewéi uwee Joer annoncéiert, mat der Produktioun vum Jumbo Jet opzehalen, well d'Demande staark nogelooss hätt.
Dat well déi meescht Fluchgesellschaften op laange Flich mëttlerweil op méi kleng a spuersam Modeller setzen.

Och d'Lëtzebuerger Firma Cargolux wäert an Zukunft mat der Boeing 777 op e méi spuersame Fliger setzen, deen awer d'nämmlecht vill transportéiere kann ewéi d'747.