
© afp
A Pakistan ass e Boot, dat op engem Stauséi ënnerwee war, ënnergaangen.
51 Mënsche sinn dobäi ëm d'Liewe komm. Bei den Affer soll et sech gréisstendeels ëm Schüler vun enger Koranschoul gehandelt hunn. Si sinn tëscht 7 a 14 Joer al. De leschten Informatiounen no konnte nëmme 5 Mënsche gerett ginn.
D'Boot soll komplett iwwerfëllt gewiescht sinn. Aus deem Grond a well d'Booter an d'Schëffer an engem schlechten Zoustand sinn, kënnt et ëmmer nees zu esou Onglécker a Pakistan.
Am meeschte gelies