Am Saarland soll déi weltgréisst Fabrick fir Computer-Chippe fir Elektro-Autoe gebaut ginn, wouduerch bis zu 1.000 Aarbechtsplazen entstoe sollen.

Den Investissement léich bei e puer Milliarden Euro. Dat mellen däitsch Medien.

D'Fabrick soll um Site vum fréiere Kuele-Kraaftwierk zu Ensdorf bei Saarlouis entstoen. Och den Auto-Zouliwwerer ZF wier um Projet bedeelegt.

D'Produktioun kéint a 4 Joer ufänken.