Bei Schwäbisch Hall an Däitschland hunn Ermëttler en 31 Joer ale serbesche Staatsbierger festgeholl.

Hie gëtt verdächtegt, am Dezember zejoert eng 77 Joer al Fra an am Januar eng 89 Joer al Fra ëmbruecht hunn. D'Ermëttler ginn ausserdeem dovun aus, dass hie rezent en 83 Joer ale Mann iwwerfall hat.

Weiderhi gëtt den Ament iwwerpréift, ob hien eppes mat engem Homicide, zu deem et am Joer 2020 komm war, ze dinn hat.

De Mann soll eréischt virun e puer Méint mat senger Famill aus Serbien an Däitschland agereest sinn. Hie verweigert bis ewell d'Ausso.