Déi rezent Hausse vum Leetzëns vum Dollar ass manner staark ausgefall, ewéi déi Kéiere virdrun.

Wéi et e Mëttwoch den Owend vum Chef vun der amerikanescher Zentralbank Jerome Powell geheescht huet, wier d'Inflatioun zwar weider héich, ma et géif ee gesinn, dass se sech lues awer sécher géif ofschwächen.

Zanter Mäerz zejoert huet déi amerikanesch FED de Leetzëns vum Dollar aachtmol ugehuewen. Déi lescht Hausse war déi schwächst, och wann de Jerome Powell scho wësse gedoen huet, dass et net déi lescht war.