
© AFP Archiv
No bal dräi Joer musse Passagéier an Däitschland vun en Donneschdeg u kee Mask méi am ëffentlechen Transport undoen.
Nieft der Maskeflicht op laangen Zuchstrecke fält och an den néng leschte Bundeslänner d'Flicht am Regionalverkéier ewech.
Och d'Verkéiersentreprisen hu sech dofir ausgeschwat, d'Flicht am ëffentlechen Transport opzehiewen. "Eng Flicht war aus Branche-Siicht mat Bléck op d'pandemesch Situatioun scho laang net méi néideg", huet e Spriecher vum Verband vun den Däitsche Verkéiersentreprise matgedeelt. "An et ass och ëmmer méi schwéier gefall, dëse bei de Passagéier duerchzesetzen an hinnen z'erklären, firwat een am vollbesate Fliger oder an der ausverkaafter Concertshal keng Mask undoe muss, awer um Wee bei de Fluchhafen oder bei de Concert an de Bussen a Bunne schonn."
Och d'Deutsche Bahn hat d'Bundesregierung scho virun e puer Wochen dozou opgeruff, d'Maskeflicht opzehiewen. "Esou vermeide mir e Fléckenteppëch mat ënnerschiddleche Reegele bannent Däitschland an tëscht de verschiddene Verkéiersacteueren", hat de Chef vum Kommitee vum Laangstrecke-Verkéier, de Michael Peterson, Mëtt Januar op LinkedIn geschriwwen.