De franséische Senat huet de Wee fräigemaach, datt d'Entscheedungsfräiheet vu Frae fir en Avortement an d'Verfassung verankert gëtt.

E Mëttwoch den Owend gouf en entspriechende Gesetzesentworf guttgeheescht. Déi lénk Oppositioun huet vun enger historescher Victoire geschwat a vun engem grousse Fortschrëtt fir d'Rechter vun de Fraen. Déi konservativ Oppositioun hat majoritär dogéint gestëmmt.

Bis et tatsächlech zu enger Ännerung an der Verfassung kënnt, ass et allerdéngs nach e laange Wee. Den Text muss vum Parlament accordéiert ginn an dono muss och nach e Referendum organiséiert ginn.