
© AFP/Archiv/INA FASSBENDER
En Donneschdeg den Owend hat e Gidderzuch zu Recklinghausen an Däitschland 2 Kanner ze pake kritt.
Fir e Jong vun 10 Joer koum all Hëllef ze spéit, hien ass nach op der Plaz gestuerwen. Dat anert Kand, e Bouf vun 9 Joer, koum nom Accident mat schwéiere Blessuren an d'Spidol.
Den Ament ass et nach onkloer, wéi genee et zum schwéieren Accident koum a firwat d'Kanner op de Schinnen ënnerwee waren. Den Inneminister vun Nordrhein-Westfalen Herbert Reul war nach an der Nuecht op der Onglécksplaz.
Am meeschte gelies