Den US-Verdeedegungsministère huet iwwert dem amerikanesche Loftraum e chineesesche Spionage-Ballon entdeckt.

Dëse wier iwwert dem Norde vun den USA a ganz grousser Héicht ënnerwee, a géif geziilt héich-sensibel Arméi-Base viséieren. Washington stoung wéinst dem Tëschefall a Kontakt mat Peking. Et ass iwwerdeems net déi éischte Kéier, dass esou e Ballon am amerikanesche Loftraum opdaucht.

Aus China heescht et, datt de Spionage-Ballon en zivilt Loftschëff wier, wat vu senger geplangter Route ofkomm ass. De Ballon géif haaptsächlech genotzt ginn, fir Meteo-Previsiounen ze maachen. China bedauert dann och déi ongeplangten Entrée an den amerikanesche Loftraum. D'USA haten decidéiert, de Ballon net ofzeschéissen, fir net ze riskéieren, dass Stécker onkontrolléiert eroffalen.