Op der franséischer Gare Lorraine TGV gouf et e Freideg de Moien en Tëschefall. En Zuch gouf do vun den Autoritéite ugehalen.

Eng Persoun gouf interpelléiert. Dës hätt wéi et heescht mat engem Attentat op der TGV-Linn Colmar-Paräis gedreet. D'Situatioun wier ënner Kontroll, heescht et vun de franséischen Autoritéiten.

Den Héichgeschwindegkeetszuch hat no der Interventioun annerhallef Stonn Retard.

D'Gare Lorraine TGV läit tëschent Metz an Nanzeg.