
© AFP
En Donneschdeg huet d'Bundespolizei ee 27 Joer ale Mann festgeholl, deem reprochéiert gëtt, 2021 an 2022 kannerpornografesche Contenu besiess ze hunn.
En Donneschdeg huet d'Bundespolizei zu Tréier ee Mann festgeholl, deem reprochéiert gëtt tëscht Dezember 2021 a Mee 2022 kannerpornografesche Contenu besiess an oder anere Persounen zougänglech gemaach ze hunn. De 27 Joer ale Syrer gouf engem Untersuchungsriichter presentéiert. Dësen huet decidéiert, de Verdächtegen ënnert der Konditioun fir d'Autoritéiten erreechbar ze sinn, net ze inhaftéieren.
Am meeschte gelies