De Bedreiwer vun der Rennstreck huet 20 Milliounen Euro iwwerwisen. Interessant dorunner ass, datt de Nürburgring engem russesche Geschäftsmann gehéiert.

De Fluchhafe Frankfurt Hahn a Rheinland-Pfalz ass schonn zanter enger Zäit insolvent. E Freideg mellt den "Trierischer Volksfreund", datt de Nürburgring fir 20 Milliounen Euro bei der fréierer US-Militärbasis eraklëmmt. D'Rennstreck gehéiert der NR Holding vum russesche Geschäftsmann Viktor Charitonin. D'Pharma-Entreprise steet net der EU-Sanktiounslëscht fir Russland.

Den däitsche Wirtschaftsministère kéint den Deal awer theoretesch nach verhënneren. Dat fuerdert elo Hessen. De Finanzminister vum Bundesland, dat u Rheinland-Pfalz grenzt, de Michael Boddenberg soll een entspriechend Schreiwes un d'Kanzleramt an de Wirtschaftsministère geschéckt hunn.

De Fluchhafen Hahn ass e fréieren US-Militär-Fluchhafen. Et ass den eenzege Fluchhafen a Rheinland-Pfalz an huet keen Uschloss un d'Bunn, dofir awer eng seelen awer begiert Autorisatioun fir Nuetsflich.