
© afp
Wéi et vum Pentagon heescht, war um Samschdeg e méiglechen zweete Spionage-Ballon iwwer Südamerika gesi ginn.
Dat nodeems schonn e Freideg e verdächtege Ballon iwwert den USA a Kanada opgedaucht war. Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken hat wéinst dësem Tëschefall jo seng Visitt a China, déi fir dëse Weekend ugesat war, ofgesot a vun engem irresponsabelen Akt geschwat.
China hat d'Reproche vu Spionage dementéiert. Et hätt sech ëm e Wiederballon gehandelt, dee wéinst dem Wand vu senger Route ofkomm wier.
E Samschdeg den Owend koum dunn d'Nouvelle, datt d'USA de presuméierte chineesesche Spionage-Ballon ofgeschoss hunn.
Am meeschte gelies