
© AFP/Archiv
E Freideg am Nomëtteg lokaler Zäit hat Brasilien e 60 Joer alt marod Krichsschëff am Atlantik versenkt, trotz Protester vun Ëmweltschutzorganisatiounen.
Dësen no wier d'Schëff voll mat Tonne vun Asbest, Faarf a gëftegen Offäll gewiescht. D' Schëff war virun zwou Woche well vun der brasilianescher Marinn ofgeschleeft ginn, hätt awer wéinst sengem schlechten Zoustand net méi an en Hafe alafen dierfen.
Wéinst dem virsätzleche Versenke vum Schëff schwätzen Ëmweltorganisatioune vun engem Ëmwelt-Delikt duerch de brasilianesche Staat.
Am meeschte gelies