Den Elon Musk hat 2018 op Twitter geschriwwen, dass hien Tesla fir e Präis vu 420 Dollar pro Aktie vun der Bourse huele géif.

Dat hat deemools zu staarke Schwankunge vum Cours vun der Aktie vum Elektro-Automobil-gefouert. Investisseuren haten dem Musk doropshi reprochéiert, dass hie gelunn hätt, fir de Präis vun den Aktien ze manipuléieren an hien ugeklot.

Beim Prozess zu San Francisco war dd'Jury allerdéngs no 2 Stonnen zu der Konklusioun komm, dass den Elon Musk net fir d'Verloschter vun den Investisseure responsabel wier.