No engem Selbstmordattentat an enger Moschee zu Peshawar wëll d'pakistanesch Regierung elo Gespréicher mat engem héije Vertrieder vun den Taliban féieren.

Op d'mannst 83 Mënsche ware beim Attentat e Méindeg ëm d'Liewe komm. Elo wëll déi pakistanesch Regierung d'Taliban bieden, dofir ze suergen, dass Terroristen net méi vun Afghanistan operéiere kënnen. Dat sot e Mataarbechter vum pakistanesche Premier Shehbaz Sharif géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.
D'pakistanesch Regierung wéilt Delegatiounen an déi afghanesch Haaptstad Kabul an déi iranesch Hafestad Teheran schécken.

Wéi en héije Beamte vun der pakistanescher Police der Noriichtenagence sot, wieren ënner anerem Gesprécher mam afghaneschen Taliban-Chef Hibatullah Achundsada geplangt.