Dat ass de provisoresche Bilan, nodeems et an der Nuecht op e Méindeg an e Méindeg de Mëtteg e puer Äerdbiewen am Südoste vun der Tierkei gouf.
Den Epizenter vum stäerkste Biewen, dat mat 7,8 Punkten op der Richterskala gemooss gouf, louch no bei der Stad Gaziantep. An där Regioun wier de Schued och am Gréissten. Et gëtt och e Méindeg den Owend weider gewarnt, dass et nach zu Nobiewe kéint kommen.
Wéi de Gesondheetsminister Fahrettin Koca e Méindeg den Owend matdeelt, goufen et eleng an der Tierkei iwwer 2.316 Doudesaffer. Iwwer 12.000 Mënsche goufen offiziellen Informatiounen no blesséiert, dat de Stand e Méindeg den Owend.
Fir Syrien gi ronn 1.293 Doudesaffer gemellt an iwwer 3.400 Blesséierter an ënnerschiddleche Provënzen.
D'Zuel vun den Doudegen a Blesséierten dierft an den nächste Stonnen an Deeg weider klammen.

Den tierkeschen Inneminister Soylu huet confirméiert, dass Rettungsekippen aus dem ganze Land an déi betraffe Géigende wäerte geschéckt ginn.
De Bilan dierft weider klammen, well op Biller ze gesinn ass, dass vill Gebaier an de Koup gefall sinn. Eleng an der Tierkei sollen op d'mannst 5.600 Gebaier zesummegefall sinn. A Syrien soll et iwwer 200 Haiser sinn.
Um Méindeg an der Mëttesstonn koum d'Meldung, dass et an der selwechter Regioun zu engem weideren Äerdbiewe vu 7,5 op der Richterskala koum.
No de schroen Äerdbiewen huet den tierkeschen Educatiounsminister Mahmut Özer e Méindeg annoncéiert, datt d'Schoulen am ganze Land bis den 13. Februar zoubleiwe wäerten. Eng Partie dovu wäerten nämlech och als Noutlogementer oder fir Iessen auszedeelen, genotzt ginn. Grond fir d'Fermeture wier engersäits d'Wieder, dat am Südoste vun der Tierkei immens kal ass, grad ewéi d'Organisatioun vun der Hëllef fir déi besonnesch staark vun den Äerdbiewe betraffe Provënzen.
Am Liveticker vun RTL Today fannt Dir déi rezentst Nouvellen iwwert d'Situatioun an der Tierkei an a Syrien.
Solidaritéit
Aus dem Ausland hunn dann och schonn e sëllege Länner Hëllef zougeséchert. Griicheland wäert Rettungsekippen an d'Regioun schécken, oder wann et tëscht béide Länner gréisser Spannunge ginn. Och Israel an Italien hu schonn humanitär Hëllef versprach.
Och vun den aneren NATO-Partner gëtt Hëllef an d'Tierkei geschéckt. Déi Alliéiert wieren amgaangen Ënnerstëtzung ze mobiliséieren, huet den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg via Twitter wësse gedoen.
Et war dat schwéiert Äerdbiewen zanter 1999 an der Tierkei. Deemools war et an der Regioun ëm déi nordwestlech Industriestad Izmit e Biewe vu 7,5 op der Richterskala. Iwwer 17.000 Mënsche waren ëm d'Liewe komm.
Fir déi gréisste Stad an der Tierkei Istanbul erwaarde sech Experten an noer Zukunft och e staarkt Biewen.
Spendenopriff
No de schroen Äerdbiewe brauchen d'Mënschen an der Tierkei an a Syrien séier Hëllef. Dofir hunn eng Partie Hëllefsorganisatioune Spendenopriff lancéiert. D'Opriff fannt Dir, wann Dir hei ënnendrënner op de Banner klickt.