
Een 31 an ee 40 Joer ale Mann sinn e Méindeg vu Lëtzebuerg un Däitschland ausgeliwwert ginn. Déi zwee Däitsch goufe vun der Justiz gesicht.
Beim Grenziwwergang Waasserbëllegerbréck sinn e Méindeg zwee Männer vun de Lëtzebuerger Autoritéiten un Däitschland ausgeliwwert ginn.
Een 31 Joer ale Mann gouf mat engem Mandat d'arrêt vum Parquet vu Saarbrécken gesicht. Hie war zu enger Prisongsstrof vun engem Joer an zwee Méint verurteelt ginn, well hien 2014 eng Fra an d'Gesiicht geschloen hat, wéi hien hire Rucksak klaue wollt.
Ee 40 Joer ale Mann ass ugeklot, well hie bei engem Abroch an ee Méifamilljenhaus zu Oberhausen derbäi gewiescht soll sinn. Dobäi goufen eng héichwäerteg Posch, eng gëlle Ketten an 32.000 Euro Boergeld geklaut. De Mann wunnt zu Lëtzebuerg, gouf awer no enger riichterlecher Decisioun un déi däitsch Police ausgeliwwert.
Déi zwee Männer, déi allebéid déi däitsch Nationalitéit hunn, koumen an de Prisong zu Tréier.