
© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS AFP
Et dierft keng einfach Ried gi fir de 46. US-President, deen dës Kéier eng ganz Rei desagreabel Sujete muss uschwätzen.
Ëm 9 Auer Lokalzäit (3 Auer Mëttwoch moies eiser Zäit) kuckt déi ganz Welt en Dënschdeg den Owend op Washington, wou den US-President Joe Biden sech mat sengem State of the union un d'Amerikaner adresséiert.
Et ass seng éischt grouss Ried zënter de Midterms am November, wou d'Demokraten d'Majoritéit am Representantenhaus verluer hunn. Dofir sëtzt dës Kéier hannert dem President an nieft der Vizepresidentin Kamala Harris och net méi d'Nancy Pelosi, mä deen neie republikanesche Speaker of the House, de Kevin McCarthy.
Et dierft keng einfach Ried gi fir de 46. US-President, deen dës Kéier eng ganz Rei desagreabel Sujete muss uschwätzen. Dobäi gëllt et en Equiliber ze fannen tëschent der nationaler an der internationaler Politik.
Nëmmen e puer Deeg no der Affär ëm de presuméierte Spionageballon vun de Chineesen, deen der Oppositioun no vill ze spéit ofgeschoss gouf, a gutt zwou Woche virum Joresdag vun deenen éischte russeschen Attacken op d'Ukrain.
D'lescht Joer hat den US-President sech puer Deeg nom Ufank vum Krich un d'Vollek adresséiert an dobäi dierft de Leit ee kuerze Saz am Kapp bliwwe sinn, nämlech: "We are going to be ok".
Zënterhier hunn d'USA d'Ukrain mat Milliarden Dollar Militärhëllef ënnerstëtzt. An net méi "ok" sinn d'Finanzen. D'Staatsschold ass esou héich, wéi nach ni. Se läit aktuell bei 31,4 Billiounen Dollar.
De republikanesche Spriecher am Representantenhaus, de Kevin McCarthy, huet rezent no engem Rendezvous mam Joe Biden ënnerstrach, datt een d'Depensen muss an de Grëff kréien.
Am November dat anert Joer wielen d'Amerikaner en neie President an dofir stellt sech natierlech och d'Fro, wéi vill Walcampagne de State of the union dës Kéier schonn ass a wéi vill Kompromëss dohannert stécht, fir e politesche Blockage ze verhënneren.
Dat alles an Zäiten wou d'Sondagen net gutt sinn. 62 Prozent vun den Amerikaner soen, si wieren enttäuscht, respektiv net frou wann den Joe Biden géif zeréck gewielt ginn. Datt 56 Prozent och den Donald Trump net méi erëm wëllen, dierft do just e klengen Trouscht sinn.
Apropos Walen, et gëtt dann och erwaart, datt den 80 Joer alen Joe Biden seng Kandidatur fir dat anert Joer offiziell annoncéiert.