De ganzen Europa-Quartier gouf zäitweis ofgespaart, well no Leit gesicht gouf, déi sech arméiert an enger Wunneng solle verschanzt gehat hunn.

Géint 22 Auer koum et zu engem gréisseren Asaz vu Spezialunitéiten, déi  e Gebai gestiermt hunn. Deen Asaz soll ronn eng Stonn laang gedauert hunn.

Zanterhier ginn et vun offizieller Säit awer nach keng nei Detailer. Eng gréisser Enquête wier um Lafen.

Dës Aktioun dierft zu Bréissel ëm sou méi fir Nervositéit suergen, well en Donneschden den ukrainesche President Selenskyj fir Gespréicher an der belscher Haaptstad soll sinn, dat um EU-Sommet.