Och den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass wéist dem Streik a Frankräich betraff.

Rezente Sondagen no wieren zwee Drëttel vun de Fransousen géint d'Reform, déi jo, ënnert anerem, eng Hausse vum Pensiounsalter op 64 Joer virgesäit. Anescht wier de System laangfristeg net ze finanzéieren, sou heescht et vun der Regierung. D'lescht Woch hunn dem franséischen Inneministère no iwwer 1,2 Millioune Mënsche beim Streik matgemaach.

Et muss een haut a muer mat Aschränkungen op den Zuchstrecken tëscht Lëtzebuerg an Diddenuewen, respektiv Metz a Paräis rechnen.

D'Passagéier si gebieden sech am Viraus um Site vun den CFL z'informéieren.

Weider Informatiounen iwwert de Streik a Frankräich ginn et op 5minutes.rtl.lu.