Bertelsmann wëll eng 700 Plazen am Print-Beräich ofbauen an 23 Magasinner ofschafen. Concernéiert ass d'Beleegschaft vu Gruner + Jahr.

"RTL Deutschland" mam Siège zu Köln hat de Beräich "Magasinner" vum Hamburger Verlagshaus zejoert bei sech integréiert. Béid gehéieren zum Bertelsmann-Konzern. Bei Gruner + Jahr sollen d'Plazen an Etappe bis 2025 ofgebaut ginn. 500 Entloossungen si geplangt an 200 Plaze kéinten iwwer Ventë vu Marken transferéiert ginn.

13 Marken, ewéi de Stern, Geo, Capital, Brigitte a Gala, bleiwe bestoen.

All déi aner ginn ofgesat oder verkaaft. RTL gesäit zum Beispill keng Zukunft fir Geo Wissen, Brigitte Woman oder d'Stern-Variant View. Och d'Magasinner vum Designer Guido Maria Kretschmer respektiv der Moderatorin Barbara Schöneberger ginn annuléiert.

Den RTL-Chef Thomas Rabe huet matdeele gelooss, d'Firma wéilt sech deemno op seng Haaptmarke konzentréieren an doran och bis 2025 80 Milliounen investéieren. Dat mellt d'Noriichtenagence Reuters.

Mat de Gewerkschafte géif elo e Sozialplang ausgeschafft ginn. Fir d'Beleegschaft wär et e Schock, heescht et bei Reuters.