Nom gréissere Policeasaz e Méindeg den Owend zu Bréissel sinn zwou Persounen interpelléiert ginn.

De Parquet zu Bréissel huet Explikatiounen iwwert d'Hannergrënn vum Asaz matgedeelt. Beim Asaz e Méindeg den Owend géint 22 Auer goung ëm eng Vente vu Luxusaueren. An der Rue Boduognat waren an deem Kontext zwou Persounen an enger ënnerierdescher Garage mat Gewalt festgehale ginn. D'Affer konnten awer op sech opmierksam maachen, d'Noperen hunn dunn d'Police geruff.

Zwee arméiert Männer vun 33 an 39 Joer haten sech duerch d'Bascht gemaach.

De ganzen Europaquartier war ofgespaart ginn, fir no hinnen ze sichen. Ënnert anerem waren d'Spezialunitéiten an de Policehelikopter am Asaz.