De russeschen President huet seng Ried zu Lag vun der Natioun virun der russescher Duma gehalen.

Dräi Deeg virum 1. Anniversaire vun der russescher Invasioun an der Ukrain, huet de President Vladimir Putin haut seng Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. De Message ass kloer: Schold um Krich ass de Westen. Dës Ried weist awer och, dass een sech a Russland op e längere Konflikt astellt. De Westen hätt mam Krich ugefaangen an Russland géing elo seng ganz Kraaft notzen, fir de Krich ze stoppen.

De Speech vum Wladimir Putin virun der Duma - Reportage Maxime Gillen

De Westen géing aus der Ukrain een „Anti-Russland“ maachen an hätt zu Kiew een Zitat „Neonazi“-Regime installéiert, fir d‘Mënschen an der Ukrain z'ënnerdrécken.

De Putin sot och, wat méi Waffen an d‘Ukrain géinge geliwwert ginn, wat Moskau méi gezwonge wier, sech ze verdeedegen.
Donieft huet de Putin Beispiller genannt, wéi de Westen d‘Ukrain mat sengen Doktrinne géing ënnerdrécken. Geeschtlecher an der Ukrain géingen zum Beispill vum Westen forcéiert ginn, fir homosexuell Hochzäiten z'acceptéieren.

De Putin berifft sech awer op „Helleg Schrëften“ vun verschiddenen Reliounen an deenen eng Hochzäit just als eng Vereenegung tëscht Mann a Fra ugesinn gëtt. Déi westlech Elitten wieren verréckt ginn, sou e Constat vum Putin.

All d'Leit beim Militär sollen da 14 Deeg Congé kréien, fir kënne bei hir Famill ze reesen. An dat all 6 Méint eng Kéier. Iwwerhaapt huet de russesche President den Zaldoten an hire Famille Mutt gemaach, andeems hie verséchert huet sech ëm si ze këmmeren. Ënnert anerem soll e Spezialfong opgesat ginn, fir d'Famille vun Zaldoten an d'Zaldote selwer z'ënnerstëtzen.

De Konflikt selwer wier d'Resultat vun enger westlecher Verschwierung. Zanter Joerzéngte géifen d'Länner aus dem Weste probéieren, déi russesch Gesellschaft ze zerstéieren an hir d'Ukrain ewech ze huelen. Dëse Krich wier eng weider Attack vun Neonazien op Russland, esou de Vladimir Putin a senger Ried virum Parlament a Vertrieder vum Militär: "D'Elitten am Westen verstoppen hiert d'Zil och net. Si wëllen eng strategesch Victoire iwwer Russland. Si wëlle Russland ee fir alle Mol fäerdeg maachen."

RTL

© MIKHAIL METZEL SPUTNIKAFP

Weider huet de Vladimir Putin verséchert, dass ee jo kee Krich géint d'ukrainescht Vollek géif féieren. Ma géint de Regime vu Kiew a seng Partner am Westen, déi d'Industrie zerstéiert an déi natierlech Ressource vum Land geklaut hätten.

Iwwerhaapt hätt Russland jorelaang negociéiert, fir e friddleche Kompromëss ze fannen, ma de Westen hätt Russland dobäi getäuscht. Zum Beispill hätt d'Ukrain scho virum Ufank vun der sougenannter Spezialmissioun mat hire Partner iwwert d'Liwwerung vu Kampffligeren negociéiert, esou de russesche President.

D'Sanktioune vum Westen hätten iwwerdeems näischt gedéngt. De Wirtschaftswuesstem wier just ëm 2,1 Prozent an d'Luucht gaangen. Dat ass effektiv wesentlech manner, wéi sech am Westen erwaart gi war.

Nieft dem Krich an der Ukrain huet de Putin dann awer och nach iwwert seng Pläng a Beräicher wéi der Wëssenschaft an der Educatioun geschwat. Domat wëll hien dem Weste wuel signaliséieren, dass een an Zukunft och gutt selwer eens gëtt an ee sech méi wëll a kann distanzéieren.

Um Enn huet de Vladimir Putin dann nach annoncéiert, dass Russland seng Participatioun am leschte groussen Accord tëscht Russland an den USA fir d'Kontroll vun Atomwaffen op Äis leet. Et wier absurd d'USA russesch Militär-Strukturen inspizéieren ze loossen, wann dës zesumme mat der NATO kloer erkläert hunn, géint Russland wëllen ze gewannen. Russland wäert also den atomaren Programm fir ze desarméieren, de sougenannten "New Start"-Accord, aussetzen. Et handelt sech hei net ëm en Erausklammen aus dem Accord, mä ëm en "Aussetzen", esou de Wladimir Putin.