Am Konflikt tëscht Armenien an Aserbaidjan ëm d’Regioun Bergkarabach gouf et nees Doudesaffer.

Op d'mannst dräi Polizisten an zwee Zaldote wiere bei engem Schosswiessel an der Kaukasus-Regioun ëmkomm, gouf vun offizieller Säit confirméiert.

Béid Säite beschëllege sech géigesäiteg, Schold ze sinn a schwätzen jeeweils vu geziilter Provokatioun.

Offiziell gëllt jo zanter 2020 e Waffestëllstand, deen awer ni sou ganz agehale gëtt. D’Gefor vun enger neier Eskalatioun wier grouss, well zanter Enn vum leschte Joer e Grenzpassage, fir an de Bergkarabach nees vum Aserbaidjan blockéiert gëtt.