D'US-Immunologe Frederick W. Alt an David G. Schatz sinn en Dënschdeg zu Frankfurt am Main ausgezeechent ginn.

Si kruten de Paul-Ehrlich-und-Ludwig-Darmstaedter-Präis fir d'Entdeckung vu Moleküllen a Mechanismen, déi dem Immunsystem d'Fäegkeet ginn, Milliarde verschidden Antigene scho beim éischte Kontakt z'erkennen.

Béid Fuerscher hätten zum Verständnis vun der Entwécklung vum Immunsystem bäigedroen, huet de President vum Stëftungsrot Thomas Boehm erkläert, nodeems d'Laureaten annoncéiert goufen. "Si hunn eist Wëssen iwwer d'Entwécklung vum Immunsystem op eng nei Stuf gehuewen."

De Paul-Ehrlich-und-Ludwig-Darmstaedter-Präis ass de renomméiertste Medezinpräis an Däitschland. En ass mat 120.000 Euro dotéiert a gëtt traditionell um Ehrlich sengem Gebuertsdag, dem 14. Mäerz, an der Frankfurter Paulskierch verginn. D'lescht Joer haten d'Biontech-Grënner Özlem Türeci an Ugur Sahin souwéi d'Biochemikerin Katalin Karikó d'Auszeechnung kritt.