
© Tim Morizet
Wéi de Krich ugefaangen huet, ass den Ivan Lipynskyi an d'Arméi gaangen. De Mann vun 31 Joer huet mat senger Famill zu Kiew gewunnt.
Um drëtten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Lettland vum Grand-Duc Henri an den Aussen- a Wirtschaftsministere Jean Asselborn a Franz Fayot gouf et och eng Visitt vum nationale Rehabilitatiounszenter “Vaivari“ am Weste vu Riga.
D'lescht Joer goufen 130 ukrainesch Zaldoten, déi am Krich géint Russland verwonnt goufen, a Lettland transportéiert. 89 vun hinnen, ewéi och ukrainesch Zivilisten, déi wärend dem Krich verletzt goufen, koumen an de Vaivari.
Den Zenter, deen zanter 1992 existéiert, accommodéiert zanter der Annexioun vun der Krim ëmmer nees ukrainesch Zaldoten. Zanter dem Ufank vum Krich d'lescht Joer awer ass de Rehabilitatiounszenter konstant zu 90% ausgelaascht. Fräi Better ginn et keng méi. All Joer passéieren eng 5.000 Clienten, virun allem Letten, duerch den Zenter am Weste vun der Haaptstad. Och dëst Joer sollen nees 120 ukrainesch Zaldote betreit ginn.
Komplizéiert Fäll vu Wirbelsail-Verletzungen, Polytrauma an Amputatioune ginn hei traitéiert. Protheese ginn op der Plaz produzéiert. Et betreit ee seng Patiente bei wäitem méi, ewéi just kierperleche Blessuren, esou d'Zoja Osipova, eng vun de Responsabelen am Rehazenter.
Sie sot weider: "Déi physesch Aspekter kënnen op d'Gemitt schloen. Mir hunn hei Militärpsychologen ,déi sech mat de Patienten zesummesetzen. Vill Patiente sinn no hire Blessuren Alkohol- an Medikamentenofhängeg. No den Erfarungen am Krich, no der schwéiere Blessuren ass déi mental, ewéi och déi physesch Gesondheet wichteg."
Sur place treffe mer en ukraineschen Zaldot. Kuerz virdrun nach spillt hien Dëschtennis mat engem anere Patient. Den Ivan Lipynski huet am Krich bal säi lénken Aarm verluer a kann en aktuell net richteg benotzten.
De Schratt bei d'Arméi hätt hie gewielt, well hie seng Famill wollt retten. Alles wier immens séier gaangen. Schonn am Mäerz hätt de Militärtraining ugefaangen. Am Summer wier hien an de Krich gezunn. Do hätt hie seng lénk Hand a säi lénkt Been verletzt. Am August gouf hien dowéinst an der Ukrain operéiert, d'Dokteren hätten seng Hand gerett. Am Oktober wier hien dunn a Lettland komm, do wier säi Been operéiert ginn. No engem Mount am Spidol wier hien an de Rehazenter komm.
Éischt Schrëtt konnt hien ugangs Januar nees maachen. "Dat war fir mech extrem schéin, ech louch bal een halleft Joer am Bett, ouni Training", esou den Ivan géigeniwwer Vertrieder vun der Lëtzebuerger Press.
"Ufank Abrëll kann ech nees zréck an d'Ukrain, da gesinn ech och meng Famill nees. Ech war elo iwwert ee Joer net Doheem."
Wat hie mécht, wann hien zréck an d'Ukrain kënnt, weess hien net. E wéilt awer eppes maachen, wat manner geféierlech ass, d'Sequelle vun de Verletzunge géife bleiwen.