D'Gewerkschaften haten zu dëser 8. Journée de mobilisation opgeruff. Doduerch sinn e Mëttwoch e sëllege Zich a Metroen ausgefall. Zu Paräis tierme sech an Tëscht d'Poubellestuten, well déi zoustänneg Mataarbechter zanter Deeg streiken an dat och nach bis nächst Woch wëllen duerchzéien. Den Inneminister Gérald Darmanin huet d'Stad Paräis opgefuerdert, d'Mataarbechter vum Service d'hygiène ze forcéieren schaffen ze kommen.

Am Parlament ass am Laf vum Mëttwoch e Kompromëss beim Gesetzestext fonnt ginn. Deemno kann de Projet en Donneschdeg am Senat an an der Assemblée nationale gestëmmt ginn. Am Senat gëtt sech e favorabele Vott erwaart. An der Assemblée ass deen awer net esou sécher.

62 Prozent vun de Fransouse fannen allerdéngs, dass d'Protester sollte virugoen, och wann d'Reform ugeholl gëtt.